Direction de l'enseignement fondamental Remich
Directeur de région: SUMAN Marco
Directrices de région adjointes: CASANOVA Jessica / SCHONS Josiane
Chargée de gestion administrative: ONCIC Amila
Secrétariat: BIEWEN Brigitta / GLODT Gérard
CI/I-EBS: Michèle Hemmen
Missioun
D'Grondschouldirektioune këmmere sech ëm:
- déi administrativ a pedagogesch Gestioun vun de Schoulen an hirer Regioun,
- d'Berodung an d'Begleedung vum Fachpersonal,
- déi berufflech Integratioun vun de jonke Léierkräften an Erzéier,
- d'Relatiounen tëscht de Léierkräfte bannent de Schoulen an d'Relatiounen tëscht Schoul a Schüler resp. Schoul an Elteren.
No Récksprooch mat de Presidente vum jeeweilege Schoulcomité kënnen d'Grondschouldirektiounen:
- schoulesch Integratiounsmoossnamen organiséieren,
- d'Ëmsetzung vum jeeweilege Schoulentwécklungsplang iwwerwaachen,
- d'Prioritéite festleeën a puncto berufflech Weiderbildung vun den Akteuren, virun allem am Hibléck op eng effektiv a vertrauensbaséiert Zesummenaarbecht tëscht de Schoulen an den nonformelle Betreiungsstrukturen.